juliewagner.lu

juliewagner.lu Schéin dass du hei bass! Wann's Du bereet bass deng Ernierung z'änneren, begleeden ech dech ganz gär op denger Rees. Mell dech bäi mir. Ech freeën mech op dech :)

Mäin Numm ass Julie Wagner an ech hunn holistesch Gesondheets- an Ernierungsberodung studéiert. Ursprénglech well ech endlech selwer gesond wollt ginn. Jorelaang hunn mech Verdauungsproblemer, Mowéi, Kappwéi a vill Schwindel geplot. De villen Mësserfolleg bäi den Dokteren huet mech ëmmer méi verzweiwelen gelooss - bis ech mäi Liewen selwer an d'Hand geholl hunn! Wärend menger Ausbildung konnt ech

dat wat ech geléiert hunn direkt un mengem eegene Kierper ëmsetzen an konnt meng Krankheeten duerch eng Ernierungsëmstellung heelen. Mäin Bauchgefill huet sech verbessert, meng Liewensqualitéit an Energie sinn eropgaangen an ech gouf soumat méi glécklech. Ech weess datt vill Leit och sou fillen an dofir ginn ech mäi Räichtum un Erfarungen gär weider, fir och däin Bauchgefill ze verbesseren. Gären begleeden ech dech och als Trainerin am Bewegungs- an Sportberäich.

02/01/2026

👇🏻👇🏻🤸🏼‍♀️💖

🎀🎄✨️
17/12/2025

🎀🎄✨️

🎄 Chrëschtdag steet virun der Dier! 🎄

Nach op der Sich no engem besonnesche Kaddo?
Mat de B**gen vum Club Uewersauer verschenkt Dir onvergiesslech Momenter, flott Erliefnesser an nei Bekanntschaften – dat perfekt Geschenk fir Jidwereen!

✨ Dir hudd d’Wiel:

🎁E B**g fir eng konkret Aktivitéit
🎁E B**g, mat deem d’Persoun selwer hir Lieblingsaktivitéit
auswielen kann

📬 Gedréckte B**gen kënnen nach bis den 24. 12 bestallt ginn

💻 Eisen digitale B**g ass zu all Moment direkt verfügbar!

🎅 Maacht dëse Chrëschtdag zu eppes ganz Besonneschem!

Mäin neien Wanter- / Fréijoerprogramm ass prett 🧘🏼‍♀️❄️🌻 Dësen Programm leeft vun Januar bis Abrëll 2026 an Zesummenaarb...
09/11/2025

Mäin neien Wanter- / Fréijoerprogramm ass prett 🧘🏼‍♀️❄️🌻 Dësen Programm leeft vun Januar bis Abrëll 2026 an Zesummenaarbecht mat Inter-Actions asbl - Club Uewersauer 💛

Méindeg 10:00-11:00 ➡️ Gymnastique douce
(Heischent)
Méindeg 18:30-19:30 ➡️ Stretch & Relax (Heischent)

Dënsdeg 19:00-20:00 ➡️ Tabata (Guppe A) (Nacher)
Dënsdeg 19:00-20:00 ➡️ Pilates (Gruppe B) (Nacher)

Donneschdeg 18:45-19:30 ➡️ Intensiv Faszientraining (Gruppe A)
(Nacher)
Donneschdeg 18:45-19:30 ➡️ Intensiv Bauchmuskeltraining (Gruppe B)
(Nacher)

Freideg 11:00-12:00 ➡️ Rückengymnastik (Heischent)

✨️ Ech hunn ausserdeem am neien Joer rem Platz fir individuell Coachings an ganzheetlech Ernärungsberodungen 🍊🥕

Mell dech gär bei mir fir weider Informatiounen.
Ech freeën mech schonn 🤸🏼‍♀️🫶🏻

Mäin neien Hierschtprogramm ass prett 🧘🏼‍♀️🍂An Zesummenaarbecht mat Inter-Actions asbl - Club Uewersauer 💛Méindeg 18:30-...
04/09/2025

Mäin neien Hierschtprogramm ass prett 🧘🏼‍♀️🍂
An Zesummenaarbecht mat Inter-Actions asbl - Club Uewersauer 💛

Méindeg 18:30-19:30 ➡️ Stretch & Relax (Heischent)

Dënsdeg 19:00-20:00 ➡️ Tabata (Guppe A) (Nacher)
Dënsdeg 19:00-20:00 ➡️ Pilates (Gruppe B) (Nacher)

Donneschdeg 08:30-09:30 ➡️ Morgengymnastik (Heischent)

Freideg 10:00-11:00 ➡️ Rückengymnastik (Heischent)

✨️ Ech hunn ausserdeem nach Platz fir individuell oder Gruppen Coachings an nach puer fräi rendez-vous'en fir eng ganzheetlech Ernärungsberodung 🍊🥕

Mell dech gär bei mir fir weider Informatiounen.
Ech freeën mech schonn 🤸🏼‍♀️🫶🏻

📸 by Cathy Photography

27/08/2025

🍂Club Uewersauer - Hierschtprogramm🍂

💪👟Tabata Intervalltraining mam Julie Wagner👟💪

Wat besonnesch interessant ass:
Et ass wëssenschaftlech bewisen, datt dësen Intervalltraining eng gutt Manéier ass fir Fett ze verbrennen a Muskelen opzebauen.

✅23.09 & 09.12.2025 (all 2 Wochen)
✅19:00 - 20:00 Auer
✅ Nacher
✅75€
✅📧[email protected] oder ☎️ 27402780

23/08/2025

🤩 Club Uewersauer - Programm September - Dezember 🤩
Eis Broschür ass an deene meeschte Bréifkëschten ukommen.
Wéi ëmmer hu mir eis gutt druginn, dass fir all Goût eppes derbäi ass.
Iwwer dëse Link kennt Dir Iech derduerch bliederen.

https://clubuewersauer.lu/wp-content/uploads/2025/08/brochure_cu_august-2025.pdf

Dir hutt Froen oder wëllt Iech umellen?
Dann schreift eis per 📧 [email protected] oder rufft eis un um ☎️ 2740 2780

30/04/2025

☀️Club Uewersauer - Stretching& Relax mam Julie Wagner☀️

⚠️‼️Nei am Programm‼️⚠️

Ab dem 05. Mee organiséieren mir zesummen mam Julie Wagner een "Stretch & Relax Cours" am Centre Culturel zu Heischent un.

✅5. Mee 2025 - 14.07.2025
✅18:30-19:30 Auer
✅110 €
✅☎️2740 2780 oder 📩[email protected]

30/04/2025

🧘‍♀️Yoga-Kurs- Entspannung für Körper und Geist🧘‍♀️

‼️ Mir hunn nach Plaze fräi ‼️

👉Wéini : 05.05-14.07.2025
👉Auerzäit: 10:30 - 11:30
👉Wou: Festsall ''Hannert der Kierch'' zu Baschelt
👉 Präis : 110€ / 8 séancen

Wëllt och Dir bei dësem flotten Cours dobäi sinn? Dann mellt Iech nach séier bei eis un 🙂
☎️27 40 27 80 oder per 📧 [email protected]

🇱🇺 (🇩🇪 Übersetzung ⬇️)☕️ Virun Kuerzem hat ech e Gespréich mat enger Cliente iwwer Kaffi....Ech géing Kaffi per se net a...
25/04/2025

🇱🇺 (🇩🇪 Übersetzung ⬇️)

☕️ Virun Kuerzem hat ech e Gespréich mat enger Cliente iwwer Kaffi....

Ech géing Kaffi per se net als ongesond benennen mee et kënnt do einfach op d'Quantitéit an virun allem och op Qualitéit un.
Kaffi gëtt typescherweis ganz héich erhëtzt, wouduerch eng Rei Schuedstoffer entstinn, dofir hei e klengen Tipp vun mir 👉🏻 am Beschten schounend gerösteten Bio-Kaffi kafen 😊
Wann et net primär em de Goût geet mee éichter em déi oppuschent Wierkung, dann ass biologeschen gréngen Téi eng gutt Alternative oder héichwäertegen Matcha. Mënschen mat empfindlechem Mo verdroen oft och gréngen Téi besser wéi Kaffi, well Kaffi méi Seier enthält.

_____________________

🇩🇪
☕️ Vor kurzem hatte ich ein Gespräch mit einer Kundin über Kaffee…

Ich würde Kaffee nicht per se als ungesund bezeichnen, es kommt lediglich auf die Menge und vor allem auf die Qualität an. Kaffee wird typischerweise sehr stark erhitzt, wodurch eine Reihe an Schadstoffen entstehen, daher hier ein kleiner Tipp von mir 👉🏻 greife zu Bio-Kaffee, der schonend geröstet wurde 😊
Wenn es nicht in erster Linie um den Geschmack, sondern um die belebende Wirkung geht, ist Bio-Grüntee eine gute Alternative oder hochwertiger Matcha. Menschen mit empfindlichem Magen vertragen grünen Tee oft auch besser als Kaffee, da Kaffee mehr Säure enthält.

24/04/2025

🌞😎Club Uewersauer - Programm Mai - August 😎🌞

Eisen Telefon leeft sou lues waarm. Eis Broschür ass an deene meeschte Bréifkëschten ukommen.
Wéi ëmmer hu mir eis gutt druginn, dass fir all Goût eppes derbäi ass.

Iwwer dëse Link kennt Dir Iech derduerch bliederen.

https://clubuewersauer.lu/wp-content/uploads/2025/04/brochure_cu_mai-august-2025.pdf

Dir hutt Froen oder wëllt Iech umellen?
Dann schreift eis per 📧 [email protected] oder rufft eis un um ☎️ 2740 2780

Hey an häerzlech Wëllkomm 🤗Ech sinn d'Julie, 32 Joer, ganzheetlech Gesondheetsberoderin & Fitnesstrainerin an dëst sinn ...
16/04/2025

Hey an häerzlech Wëllkomm 🤗
Ech sinn d'Julie, 32 Joer, ganzheetlech Gesondheetsberoderin & Fitnesstrainerin an dëst sinn 10 Fakten iwwert mech fir dass du mech bëssi besser kenneléieren kanns an den Account bëssi méi Perséinlechkeet kritt ☺️

1️⃣ Famill geet bei mir iwwert alles 💕 ech sinn en absoluten Familljemënsch an géing alles fir jiddereen aus der Famill maachen 🥰
2️⃣ Mat ganz vill Häerz Muppemamma 🐶 💕 ech hunn zwou "Fellnasen" an sinn éiweg mat hinnen an der Natur ennerwee 🌳....an jo....ech hunn eng kleng Virléift fir Dackelen 🤭😁
3️⃣ Korsika ass meng zweet Heemecht 🌴☀️ ech sinn hallef do opgewues an wann een mech net zu Lëtzebuerg fënnt dann ganz sëcher op der Insel 😉
4️⃣ Sou gär ech d'Inselliewen, d'Sonn, d'Mier an de Süden och hunn, hunn ech mech viru kuerzem total an den Norden verléift 🥰 Skandinavien begeeschtert mech immens an ech wëll nach ganz vill do entdecken 🏔🏞😍
5️⃣ Reesen ass dann och een vun mengen allerléiwsten Hobbyen niewend, wéi soll et och anescht sinn, kachen, baken an Sport ☺️👩🏼‍🍳🤸🏼‍♀️
6️⃣ Ech liiiieben Kichelcher 🤭🍪 ech wees, d'Liewen ass keen Kichelchen....fir mech awer iegendwéi schonn 😂
7️⃣ Waat ech och ganz gär maachen ass liesen an Rezeptbicher studéieren 📚
8️⃣ Ech war ganz vill Joren vill krank, krut et awer duerch eng komplett Liewens- an Ernärungsëmstellung souwäit ganz gutt an de Grëff🙏🏻❤️‍🩹
9️⃣ Déi ganz Virgeschicht huet mech dann och dozou beweegt beim Staat ze kënnegen an mäin Wonsch vun der Selbststännegkeet am Gesondheetsberäich ze realiséieren. Dat war absolut net einfach an e richtegen Prozess mee am Endeffekt déi bescht Entscheedung, déi ech jee treffen konnt 🙏🏻🥰
🔟 Momentan schaffen ech am Hannergrond un engem méi groussen Projet. Du bass virwëtzeg? Dann sief nach bëssi gedëlleg an bleiw nach gär weiderhin Follower. Ech deelen et natierlech op mengem Account soubaal et fäerdeg ass 💪🏻🤩

Schéin an virun allem e grousse MERCI dass du hei bass 💕

🇱🇺 (🇩🇪 Übersetzung ⬇️)☀️ De Summer kënnt méi no an soumat och d'Uebst-Zäit 🫶🏻🍒🍓🫐🥝🍋🍌🍍🥭🍉Wousst du schonn, dass Uebst ganz ...
13/04/2025

🇱🇺 (🇩🇪 Übersetzung ⬇️)

☀️ De Summer kënnt méi no an soumat och d'Uebst-Zäit 🫶🏻🍒🍓🫐🥝🍋🍌🍍🥭🍉

Wousst du schonn, dass Uebst ganz séier verdaut gëtt? Ënnerhalb vun 20 bis 40 Minutten ginn Friichten normalerweis verdaut. Iess dofir am Beschten d'Uebst ëmmer VIRUN enger Moolzecht, sou kanns du Blähungen an Verdauungsproblemer ëmgoen.
Wanns du d'Uebst nämlech als Dessert no denger Haaptmoolzecht ëss dann kënnt d'Uebst net richteg duerch an muss waarden bis dat verdaut ginn ass, waat's du vidrun giess hues. An der Zäit fänkt d'Uebst un ze gären an et kann zu Blähungen an Bauchwéi kommen.

⚠️ D'Reihenfolge beim Iessen ass ganz entscheedend fir eng gesond Verdauung ✅️🥰

_________________________

🇩🇪
☀️ Der Sommer kommt näher und somit auch die Obstzeit 🫶🏻🍒🍓🫐🥝🍋🍌🍍🥭🍉

Wusstest Du, dass Obst sehr schnell verdaut wird? Früchte werden normalerweise innerhalb von 20 bis 40 Minuten verdaut. Versuche deshalb deine Portion Obst am besten immer VOR deiner Mahlzeit zu essen, um Blähungen und Verdauungsprobleme zu vermeiden.
Wenn Du Obst als Nachtisch isst, muss es erst warten, bis die zuvor gegessenen Lebensmittel verdaut wurden. In der Zwischenzeit beginnt das Obst zu gären und kann Blähungen und Magenschmerzen verursachen.

⚠️ Die Reihenfolge des Essens ist für eine gesunde Verdauung sehr wichtig ✅️🥰


Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque juliewagner.lu publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à juliewagner.lu:

Partager