Naturinstinkt

Naturinstinkt Hypnose • Doula • Hypnobirthing • Coaching • Rebozo Ritualer • TFM • Droberoderin Hypnobirthing, Droberodung, Doula, TFM, Rebozo

03/09/2026

📆 Den 17. Oktober 2026 organiséiere mir eng Gedenkfeier fir d’Stärekanner ⭐. Sidd häerzlech wëllkomm, mat ons zesummen un all déi Kanner ze gedenken, déi wärend der Schwangerschaft, ënnert oder no der Gebuert verstuerwe sinn. ✨

Iwwer dëse Link kënnt dir Iech aschreiwen: https://forms.cloud.microsoft/e/bi4byR7QsV?origin=lprLink

🦋  🌞 Wat e Summer  🌞  🦋D‘Hetzt huet souguer mech als Summerkand echt u meng Grenze bruecht.Ech war vieeeel am Waasser fi...
02/09/2026

🦋 🌞 Wat e Summer 🌞 🦋

D‘Hetzt huet souguer mech als Summerkand echt u meng Grenze bruecht.
Ech war vieeeel am Waasser fir et ze packen, an hunn mech endlech iwerwonne kritt meng Angscht viru kaalem Waasser kennen opzeginn… si mat Genoss mei wei eemol an den aiskale Floss gesprong a geschwomm.

E puer schéi Wanderungen hu mir Horizont a Waitsiicht geschenkt. Mech deels u Grenze bruecht an driwer erausgewuess.

An e Sonnde geet et erem lass mat menge Couren an Hypnosen.

Ech freë mech schon ërem rieseg op iech.

Op dei Weer dei ech dierf e Stéck mat iech treppelen. Op d‘Challenges dei mir uginn. Op Hürden dei endlech dierfen iwerwonne ginn.
Op Aha- an Glécksmomenter. An ëmmer op dat Fonkelen an ären Aaen an Grinsen am Gesiicht no den Hypnosen.
Dorop dat ech iech dierf är ganz Stärkt weisen an dat Wonner dat mir sinn.

Ech genéissen elo nach meng läscht Woch Congé awer et fällt mir ganz einfach erem mat iech ze starten.

❤️

28/08/2026

• URKRAFT •

E ganzheetleche Konzept mat Hypnos, Nervensystem-Aarbecht a Kierperbewosstsinn

Well du kanns net wierklech lassloossen, wann däi Kierper sech net sécher fillt.
Gebuert ass awer e Lasslossen, dat mächtegst Lasslossen iwerhapt.

Eng Gebuert ass vill méi wéi e kierperleche Prozess. Si ass en Zesummespill vu Kierper & Nervensystem, Hormonen, Gedanken, Emotiounen Programmatiounen an Erfahrungen hun e groussen Afloss an de Prozess wou dai Kierper sou grouss muss opgoen wei na nie virdrun.

Fir datt eng Fra sech wärend der Gebuert esou gutt wéi méiglech op dee Prozess alosse kann, brauch hire Kierper virun allem ee Gefill: SECHERHEET!

Wann de Kierper sech geschützt, gedroen a sécher fillt, kann de natierleche Prozess vun der Gebuert sai Laaf huelen.

Ass d’Nervensystem dogéint an engem Zoustand vu Stress oder Alarmbereetschaft, kann dat Afloss op d’Gebuert hunn.
Gläichzäiteg ass all Gebuert eenzegaarteg a gëtt vu ville Facteure matbestëmmt.

Dofir fänkt dëse Wee net eréischt un, wann d‘Gebuertswelle (Wéihe) lassginn.
E fänkt vill méi fréi un – mat der Verbindung zu dir selwer, mam Vertrauen an däi Kierper an der Fähegkeet, Sécherheet vu bannen eraus opzebauen.

URKRAFT verbënnt Erkenntnisser iwwer d’Nervensystem mat Hypnos, Kierperaarbecht, Opmierksamkeet an d‘Zereckverbannen un deng Instinkter.

D’Zil ass net déi „perfekt“ Gebuert, mee eng Fra, déi sech mat sech selwer verbonnen fillt, sech secher an hierem Kierper spiert an Outilen huet fir bewosst op d‘Nervesystem an esou och op d‘Hormoner kennen anzewierken.
An genau dat kann den Gebuertsprozess immens erliichteren.

Mir gesinn eis 8 Kéieren iwert Visio fir dech erem mat denger Urkraft ze verbannen an un Themen ze schaffen dei se de Moment blockéieren.


Dëst Konzept geet wait iwert Firbereedung op d‘Gebuert eraus. Et ass e Gewënn fir dai Liewen als Fra, an denger Stärkt. Dës Arbecht ass aus purer Léift zu de Fraen entstaan, aus mengem Härz entsprong mat der 13 Jähreger Erfahrung dei ech an Hypnos, Gebuertsarbecht, Nervesystemarbecht an Fraebegleedung gesammelt hunn.

An deenen 8 Seancen mache mir Hypnosen dei un deifgehende Muster a Programmatiounen aus de Generatioune virun dir, aus denger Erzeiung, dengem Vertrauen an dai Kierper a.s.w schaffen. Du kriss Outil‘en a vill Wësse mat un deng Sait an du mess eng Angschtopléisung.

Meld dech iwert PN fir d‘Umeldung oder weider Froen


Si ersetzt awer net d‘Begleedung vun enger Hiewann oder engem Gynecologue

27/08/2026

De Mellechspendereflex, ausgeléist duerch eise natierlechen Oxytocin.
D‘Mëllech schéisst regelrecht aus der Broscht eraus.

Sou wei och bei der Gebuert huet den Oxytocin beim Stëllen eng zentral Aufgab.

Stress dréckt den Oxytocin no ënnen.

Suerg dofir dat et dir gudd geet. Dass du emsuergt gëss, dass du Zaiten ouni Besuch hues.
A lauschter op dai Kierper wann e grad schwätzt.

Eng Mamm dei Stëllproblemer huet kann sech un professionneller op deem Gebid wenden fir Hellef ze kreien, awer soulang de Stéierfaktor Stress oder Angscht net beseitegt ass, kann et sinn dat de Problem sech net léist. An dat erliewe vill Mammen hautdesdags a mengen dann hiere Kierper hätt versoot.

Manner Stress an Uspanung ass öfters d‘Léisung (awer natierlech kennen och nach aaner Facteure bedeelegt sinn)

15/08/2026

Ne pas assister à la naissance de son bébé…❤️‍🩹

Ça ne devrait jamais arriver. C'est contre nature.

C'est un don de soi immense, un abandon, un lâcher-prise sans fin.
L'amour d'une mère envers son bébé est si grand, plus grand que nature. Les bébés devraient tous pouvoir naître et retrouver directement les bras de leur maman.
Ce n'est pas toujours comme ça….
La réalité, c'est que certaines mamans font le sacrifice de s'endormir pour sauver la vie de leur bébé.
💔

Et vous savez quoi ? Aucune mère ne se pose la question à ce moment-là. Elles se disent toutes la même chose…. Allez, faites ce qu'il faut et sortez-le.
Parfois, endormie, le petit bébé vient coller sa joue avec sa maman avant d'aller retrouver son autre parent… un petit geste significatif… mais qui ne remplacera jamais d'entendre son bébé naître et pleurer pour la première fois.

Le réveil, en salle de réveil, seul sans son partenaire…
sans son bébé. Quand on s'est endormie, ça allait mal, très mal. Où suis-je ? Mon bébé est correct ?
La tête dans le brouillard… c'est brutal… Le temps passe lentement, très lentement en salle de réveil.

Chaque seconde est comme un supplice.
Plusieurs heures après sa naissance, on fait enfin la rencontre de bébé…
Parfois, plusieurs questions nous viennent en tête.
Soulagée, heureuse, triste, fâchée… tout ça en même temps.
Notre bébé nous semble inconnu…

Cette séparation, cette césarienne laissera une trace à tout jamais. Il faut faire le deuil des premières secondes : le premier cri, le premier regard, le peau à peau, voir son bébé pour la première fois dès sa naissance.

La césarienne sous anesthésie générale est un acte de courage et de force incroyable.

Elle a sauvé son bébé. Mais personne ne lui avait dit qu’elle aurait aussi besoin qu’on prenne soin d’elle après.

J'envoie de la douceur à celles qui ont dû subir une césarienne sous anesthésie générale.

Caro 💜

Hypnos ass eng douce a natierlech Method fir Verännerungen am Ënnerbewosstsinn an d'Weer ze leeden. Si kann dir hëllefe ...
11/08/2026

Hypnos ass eng douce a natierlech Method fir Verännerungen am Ënnerbewosstsinn an d'Weer ze leeden.

Si kann dir hëllefe bei:

✨ Stress & Ängscht
✨ Selbstvertrauen stärken
✨ Schlofproblemer
✨ Ofhuelen & emotionalt Iessen
✨ Süchten
✨ Blockaden & al Muster léisen
✨ Motivatioun & Zieler erreechen
✨ Konzentratioun & Leeschtung verbesseren

Hypnos hëlleft dir, deng eege Ressourcen ze aktivéieren an nei Weeër ze entdecken dei's du bis dohin nach net fir méiglech gehalen hues.

💛 Wichteg ze wëssen: An der humanistescher Hypnos bleifs du déi ganz Zäit bewosst a präsent. Du bass net „fort“ oder dissociéiert – am Géigendeel:
Du bass a Kontakt mat dir selwer, hues d’Kontroll a kriss alles mat. Et ass eng Zesummenaarbecht op Aenhéicht, wou deng eege Ressourcen aktivéiert ginn.

✨ Iwwer mech: Ech schaffen säit 13 Joer mat Hypnos a begleeden Mënschen individuell a mat vill Empathie an Härz op hirem Wee.
Meng Erfahrung bestätegt et emmer erem: D‘ Verännerung kënnt vun dobannen.

Hypnos bedeit net Kontrollverloscht, mee Selbstermächtegung an en Zeréck bei dech selwer.

Du haas schon Hypnos mat mir a bass begeeschtert? Dann Deel dëse Baitrag gäre mat Frënn a Bekannten.

Et duerft e neie Bebe gebuer ginn. Ech lieben et dei kleng Pëppecher ze bitzen an Schrëtt fir Schrëtt hier Perséinlechke...
07/08/2026

Et duerft e neie Bebe gebuer ginn. Ech lieben et dei kleng Pëppecher ze bitzen an Schrëtt fir Schrëtt hier Perséinlechkeet kennenzeléieren.
Ganz magesch ass et wann d’Gesiicht entsteet 🥹.

Dës war fir e Bebe dee mir ganz besonneg um Häerz lait.
Ech wënschen him lauter wonnerschéi Momenter beim Kuschelen.

Verreckt… dir hudd mech echt impressionéiert mat ärer Reaktivitéit op de Post vu Gëscht op ech soll bleiwen op FB oder n...
05/08/2026

Verreckt… dir hudd mech echt impressionéiert mat ärer Reaktivitéit op de Post vu Gëscht op ech soll bleiwen op FB oder net.

Ech huelen dat dann esou un a wärt momentan mol nach d’Sait weiderféieren.

Gidd munchmol e klengt Liewenszeeschen wann der meng Posts liest fir dat ech wees dat se bei iech ukommen. Well sou bleiwt meng Motivatioun oprecht fir weiderhin mol eppes ze deelen.

Merci iech all! Et ass echt besonneg esou eng Community ronderem sech ze hunn. An dat ass mir vill wert 🙏🏻❤️

05/08/2026
Dir Léif,Ech froe mech sait enger Zaitchen erem op et nach e Wert huet dës Facebooksait oprecht ze erhalen…Ech kréie jus...
04/08/2026

Dir Léif,
Ech froe mech sait enger Zaitchen erem op et nach e Wert huet dës Facebooksait oprecht ze erhalen…
Ech kréie just ganz weineg Opmierksamkeet a si soumat emmer manner motivéiert nach Zait an Energie dran ze stiechen.

Wat mengt dir? Sinn hei nach Leit op Facebook dei et interesséiert?

Zielt mir gären. Well ech mierken dat ech emmer mei schaffen, an emmer manner Zait hunn meng wertvoll Zait an eppes ze stiechen wou ech kee Retour mierken.

📸Bild ass just fir Opmierksamkeet (beim Plécken vu Mädesüss, enger fir mech esou magescher Planz)

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Naturinstinkt publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Naturinstinkt:

Raccourcis

Partager