Institut de Beauté Lisa Welter - A Gudden Hänn

Institut de Beauté Lisa Welter - A Gudden Hänn Venez vous ressourcez - Vous êtes en de bonnes mains. Parking:
-Réservé n°11 devant Résidence Livia
-Aux alentours gratuit avec disque

☀️🌈 Déi nei OPI Summer Collection “Trip to the Brite Side” ass ukomm! 💅✨Knalleg Faarwen, Summer-Vibes a gutt Laun – perf...
07/06/2026

☀️🌈 Déi nei OPI Summer Collection “Trip to the Brite Side” ass ukomm! 💅✨

Knalleg Faarwen, Summer-Vibes a gutt Laun – perfekt fir sonneg Deeg, Vakanz a laang Summernuechten. 💖🧡💛💚💙

Sicht äre Lieblings-Toun aus a bréngt de Summer op‘t Neel! 🌴☀️

📍 Maacht elo äre Rendez-vous

https://salonkee.lu/salon/institut-de-beaute-lisa

12/05/2026

✨Let it Glow, let it Glow, let it Glow✨

👒Golden Hour SPF 30 Stick vun Dermalogica – méi wéi just Sonneschutz

Dëse klenge Stick ass perfekt fir den Alldag an ee richtege Gamechanger fir ënnerwee 😍

💛 SPF Schutz géint UVA & UVB 🔼🔽
💛 Einfach nei opdroen – och iwwer Make-up 💁🏼‍♀️🎨
💛 Kee wäisse Film & net fettend 🧴🧼
💛 Ideal och fir empfindlech Haut oder Akne 🪶🐥
💛 Schützt virzäiteg Hautalterung duerch d'Sonn 🧓🏻☀️
💛 Hëlleft Pigmentflecken a Sonneschied ze vermeiden 🧢👒
💛 Praktesch fir d’Posch, Auto oder Vakanz - leeft net aus, keng pëscheg Hänn! 🙌🏼👜
💛 Liichtreflektéirend Pigmenter loosen dech beim Sonnenënnergang After-Work sou richteg stralen 🌅🍹

✨En ass esou einfach ze benotzen, datt et engem net schwéier fällt sain SPF konsequent ivvert den Daag ëmmer ërem obzedrohen.

Perfekt fir:☀️ Terrasse☀️ Stadtrip☀️ Sport☀️ Vakanz☀️ Alldag

👒Well nëmmen eng gesond Haut ass eng schéin Haut, an déi fänkt mat daagdeeglechem Schutz un 💛

🛍️Ab elo bei eis erhältlech 🙋🏼‍♀️

🔆🏝️LSF ass NET nëmme fir d’Plage – et ass e Must. All. Dag.🌤️Besonnesch elo am Fréijoer, wann d’Sonn erëm méi staark gët...
28/04/2026

🔆🏝️LSF ass NET nëmme fir d’Plage – et ass e Must. All. Dag.

🌤️Besonnesch elo am Fréijoer, wann d’Sonn erëm méi staark gëtt, ass deng Haut extra gefuerdert. Och wann et net 25Grad waarm oder nach bedeckt ass:
☝🏼UV-Stralen sinn ëmmer do – an si sinn ee vun den Haaptgrënn fir virzäiteg Hautalterung, Pigmentflecken a sensibel Haut.

👉 Dofir: SPF all Dag = Dei éischt an usech stärksten Anti-Age Fleeg.

🫶🏽🥰Dat Bescht? Et geet och mega praktesch. Dermalogica bitt smart Léisungen, wou Dagescrème an LSF direkt kombinéiert sinn. Dat spuert Zäit ass net ze fetteg, an et mécht et vill méi einfach, konsequent ze bleiwen. 💁🏼‍♀️

✨ An fir nach méi Glow: et ginn och getéinte Varianten – perfekt fir en natierleche Look, liicht Ofdeckung an direkt e frësche Teint, ouni vill Make-up.

👒Kuerz gesot: schützen, pflegen & stralen – an engem Schrëtt.

💛 Bei eis am Institut kritt dir déi passend Produiten an eng Berodung, déi opt Besoinen vun ärer Haut ofgestëmmt ass.

✨ 🚀JUST ARRIVED: Bi-Serum Retinol Like vun Yon-Ka 🚀✨👼🏼Eng glat, frësch an stralend Haut – ganz ouni Reizung? 🧏🏽‍♀️Dann a...
20/04/2026

✨ 🚀JUST ARRIVED: Bi-Serum Retinol Like vun Yon-Ka 🚀✨

👼🏼Eng glat, frësch an stralend Haut – ganz ouni Reizung?
🧏🏽‍♀️Dann ass dee neie Bi-Serum Retinol Like genau dat Richtegt💛

🌿 Di natierlech Alternativ zu Retinol

💧 -Fördert d’Hauterneierung
✨ -Reduzéiert fein Linnen & Falen
🌸 -Mecht d’Haut méi glat a stralend

💡 Wat mécht dëse Serum esou speziell?
D’Formel baséiert op 99,8 % natierlechen Inhaltsstoffer an enger innovativer Kombinatioun aus:

🌱 Biomimeteschen Mikroalgen
→ wierken wéi Retinsäure, stimuléieren d’Zellaktivitéit & regeneréieren d’Haut

🌿 Mastic-Bam Extrakt
→ schützt d’Haut a verstäerkt d’Retinol-ähnlech Wierkung

🍑 Aprikosenkär-Ueleg & Vitamin E
→ nären d’Haut a ginn en schéine Glow

🌸 Ätheresch Ueleger (z. B. Geranium)
→ suergen -typesch YonKa- fir e sensoriellt Wuelgefill bei der Uwendung

Perfekt also och fir empfindlech Haut, déi klassesche Retinol net gutt verdréit, an net ob Anti-Age verzichten wëll.

👉 Mir sinn schon Fan! Kommt och dir laanscht a loost Iech beroden💁🏼‍♀️

✨ All Daag raséieren? Maacht dëse Summer Schluss domat! ✨Summer, Sonn, glat Haut – an däitlech manner H**r. ☀️Dofir ass ...
17/03/2026

✨ All Daag raséieren? Maacht dëse Summer Schluss domat! ✨

Summer, Sonn, glat Haut – an däitlech manner H**r. ☀️
Dofir ass elo am Mäerz an Abrëll de perfekte Moment fir mat IPL unzefänken.

💡 Firwat elo?
IPL schafft mat Liichtimpulser, déi d’H**rwuerzel gezielt behandelen an de Wuesstem vum H**r no an no reduzéieren. Well d’H**r an verschiddene Phasen wuessen, brauch et e puer Sessiounen – wann dir elo start, sinn also bis am Summer schonn däitlech manner H**r ze gesin!

💎 Wat mécht IPL esou beléift?
✔ Manner raséieren
✔ Manner agwuessen H**r
✔ Glat Haut fir Wochen
✔ Laangfristeg H**rreduktioun
✔ Perfekt fir Been, Achselen, Bikini & Gesiicht

🎉 Fréijoers-Aktioun:
Beim Kaaf vun all Abo deen am Abrëll ufënkt – gi mir 10 % Rabatt op déi éischt Sessioun.

🌸 Start elo – an dir kënnt ärer Gilette am Summer Äddi soen👋🏼

📩 Schreiwt eis eng Noriicht fir weider Infoen oder reservéiert elo äre Rendez-vous hei:

https://salonkee.lu/salon/institut-de-beaute-lisa

08/03/2026

🎉 D’Gewënnerinne vun eiser 5 Joer Verlousung stinn fest 🎉

Villmools Merci un jiddereen fir d’Deelhuele🤍
Mir hunn eis immens gefreet iwwer all eenzel Participatioun ✨

🧚🏼D’Glécksfee huet dës 3 Gewënnerinne gezunn:

🎁 Yon-Ka Rituel Anti-Age Set
Mariette Kremer

🎁 Dermalogica Cleanse & Glow Set
Denise Schiltz-Buchholtz

🎁 Yon-Ka Soin Corps Set
Laurence Eyschen

✨ Félicitatiounen! ✨
Dir kënnt Iech gäre per Message bei eis mellen fir är Geschenksets ofzehuelen 💌

🤍 Klenge Merci fir all déi, déi matgemaach hunn:

🙏🏼Och wann dir dës Kéier net gewonnen hutt, wollte mir Iech e klenge Merci maachen ✨

All déi, déi bei der Verlousung matgemaach hunn, kréien am Mäerz & Abrëll bei engem gebuchten Rdv:

✨ eng Wirstoffampulle fir Doheem✨

🤍 Fir all déi aner:
Als Merci ginn et nach ëmmer eis Birthday-Specials am Mäerz 🎂
E puer Verwinn-Terminer si nach fräi ✨

https://salonkee.lu/salon/institut-de-beaute-lisa?lang=fr

👭🤍 Net ëlleng - mee Zesummen🤍👭💁🏼‍♀️Firun 5 Joer hunn ech mech ugangs ëlleng an dëss Aventure gestierzt. An Haut ech wees...
04/03/2026

👭🤍 Net ëlleng - mee Zesummen🤍👭

💁🏼‍♀️Firun 5 Joer hunn ech mech ugangs ëlleng an dëss Aventure gestierzt.
An Haut ech weess ganz genee:

Ëlleng - hätt ech dat ni gepackt.

👩🏼‍🦰Schnell hunn ech gemirkt dass et schwéier ass als One-Woman-Show alles ze stëmmen, an d’SVENJA ass de Wee als éischten matgang, an bis haut eng loyal, gewëssenhaft an engagéiert Mataarbechterin

👩🏻E Joer dono konnte mir d‘INES begréissen, waat eng enorm Entwëcklung an dëser Zeit gema huet, an eis mat sengem Schwong an Elan eng grouss Hëllef ass!

👩🏼Fir meng éischt Auszeit koum dunn d‘MIREILLE dobai, eng fir mech laangjähreg Aarbechtskollegin, duech daat ech mech dunn fir e puer Méint méi am Hannergrond haalen konnt, an eist Team och no mëngem Retour weiderhinn verstärkt huet.

🫶🏽Besonnesch dofir, dass ech dëss perséinlech Momenter
wou ech net ëmmer konnt 100% do sinn, esou genéisse duerft, well ech wousst dass Sie mat esou vill Engagement, Loyalitéit a Häerzblutt dofir gesuergt hunn, dass den Institut weidergelaf ass.

- sinn ech onbescheiflech dankbar 💛

👱🏻‍♀️👩🏼‍🦰Am Laf vun de Jore si mir also dësst Véirergespann ginn –
véier staark, ganz ënnerschiddlech Perséinlechkeeten.
An awer: Jidderee bréngt seng eege Stäerkten, seng Energie a seng perséinlech Touche mat eran👩🏻👩🏼

✨Genee dat mécht eis aus.
Genee dat mécht eis zu engem eenzegaartegen Team ✨

🙌🏼An Zaiten wou vill dovun geschwaat gett, wéi schwéier et ass gudd Leit ze fannen,
sinn ech frou a stolz, dëse Wee mat Iech ze goen🙌🏼

Merci🤍

🎁💥GEWËNNSPILL💥🎁🎂 5 Joer - Birthday Woch🤍Den 8. Mäerz feieren mir 5 Joer Institut de Beauté Lisa Welter ✨5 Joer Vertrauen...
02/03/2026

🎁💥GEWËNNSPILL💥🎁

🎂 5 Joer - Birthday Woch🤍

Den 8. Mäerz feieren mir 5 Joer Institut de Beauté Lisa Welter ✨
5 Joer Vertrauen, flott Gespréicher, schéin Momenter a virun allem esou vill léif Client‘en.

Als klënge Merci fir är Ënnerstëtzung wëlle mir Iech eppes zeréck ginn 💛

✨ Mir verlousen 3 exklusiv Beauty-Geschenksets:

🎁 1x Anti-Age Coffret Rituel Vitamin C
- Lotion YonKa, Vitamin C Serum & Time Resist Jour am Wert vun 💥216€💥

🎁 1x Dermalogica Cleanse & Glow Set
- Precleanse, Special Cleansing Gel & Daily Microfoliant am Wert vun 💥149€💥

🎁 1x Bougie de Massage YonKa & Gommage aux Sucres am Wert vun 💥89€💥



Sou kënnt dir matmaachen:
✔️ Dëse Post liken & deelen
✔️ Deelt en 🎂 an de Kommentarer

📅 D’Gewënner/inne ginn den 08.03. hei bekannt gemach.

Vill Gléck 🍀
a villmools Merci fir 5 wonnerbar Joer🤍

🎂 5 Joer Institut de Beauté Lisa Welter– an ech soen MERCI vun Häerzen 🤍Den 8. Mäerz ass e ganz besonneschen Datum fir m...
28/02/2026

🎂 5 Joer Institut de Beauté Lisa Welter– an ech soen MERCI vun Häerzen 🤍

Den 8. Mäerz ass e ganz besonneschen Datum fir mech –
viru 5 Joer hunn ech mäin Draam wouer, a mat vill Léift an Häerzblutt den Institut zu Alzëng opgemaach.

🎂 5 Joer – 3 ganz besonnesch Birthday-Specials 🤍

Fir dëse Jubiläum hunn mir am Mäerz 3 exklusiv Verwinn-Momenter fir Iech zesummegestallt:

✨ Luxury Birthday Glow – 90 Minutte Gesiichtsbehandlung - LED Behandlung & Massage Nuque OFFERT

💅 Hand & Fouss Birthday Care – Manicure & Pedicure - Peeling, Massage & Lack OFFERT

🌿 Relax & Renew – 60 Minutte Kierpermassage Foussbad & Peeling vun Hänn & Féiss OFFERT

🚨Dës Speciale sinn nëmmen am März buchbar als OFFRE DU MOMENT ënnert:

https://salonkee.lu/salon/institut-de-beaute-lisa?lang=en

Mir freeën eis drop, dëse Mount mat Iech ze feieren, an hunn als Merci nach e klëngt Gewënnspill fir Iech parat. 🤍

Merci fir ärt Vertrauen – ouni Iech wier dat alles net méiglech gewiescht.

✨🚀 NEI! D’ZUKUNFT VUN DER HAUTFLEEG ASS DO 🚀✨Mir si begeeschtert 🤍 Iech de néie Phyto Nature E2 Liquid vun Dermalogica v...
11/02/2026

✨🚀 NEI! D’ZUKUNFT VUN DER HAUTFLEEG ASS DO 🚀✨

Mir si begeeschtert 🤍 Iech de néie Phyto Nature E2 Liquid vun Dermalogica virzestellen – eng richteg Revolutioun an der professioneller Hautfleeg 🌿💧

🔬 Wat sinn Exosomen?
Exosomen si mikroskopesch kleng Messageren, déi vun Zellen ofgesat ginn. Si transportéieren Informatiounen, Proteinen a Signaler a soen den Hautzellen, wéi si sech erneiere, reparéieren a stäerken sollen ✨
👉 Se funktionéieren wéi eng intelligent Kommunikatiounsbréck tëscht den Hautzellen – fir méi Effizienz, méi Regeneratioun a sichtbar Resultater 🌟

🚀 Dermalogica – Pionéier an der Exosomen-Technologie gehéiert zu de weltwäit Éischten, déi dës innovativ Exosomen-Technologie an der kosmetescher Hautfleeg notzen – e groussen Schrëtt Richtung High-Performance Skincare op Zellniveau 💚

🌱 D’Phyto Nature Serie kombinéiert modernste Wëssenschaft mat planzenbaséierter Kraaft. All Produkt ass drop ausgeriicht, d’Haut ze schützen, ze stäerken an hir jugendlech Vitalitéit laangfristeg ze erhalen ✨

💧 Phyto Nature E2 Liquid ass de perfekte Boost an dëser Serie – intelligent, héich effektiv a voll am Trend vun der Zukunft 💫

👉 Erliewt d’Kraaft vun der neister Hauttechnologie a bréngt är Hautfleeg op en neie Niveau!

🌿✨

Adresse

433, Route De Thionville
Alzingen
5887

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 19:30
Mardi 08:00 - 18:30
Mercredi 08:30 - 19:30
Jeudi 09:00 - 19:30
Vendredi 08:30 - 19:00
Samedi 08:30 - 17:00

Téléphone

+35226361906

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Institut de Beauté Lisa Welter - A Gudden Hänn publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Institut de Beauté Lisa Welter - A Gudden Hänn:

Partager