Find Yourself - psychologesch Berodung

Find Yourself - psychologesch Berodung Däin Wee an e glécklecht Liewen
------------------
psychologesch Berodung
somatesch Traumaintegratioun
transgenerationell Trauma-Aarbescht
Entspaanung

💚 Een erneite Borreliose-Schub – an den ënnerschätze Faktor Stress  Heiansdo denkt een, et hätt een eng schwiereg Phas e...
01/09/2026

💚 Een erneite Borreliose-Schub – an den ënnerschätze Faktor Stress

Heiansdo denkt een, et hätt een eng schwiereg Phas endlech hannert sech. An grad da mellt sech Däin Kierper rëm zréck.

Leider ass et bei mir momentan esou: ee weideren heftege Borreliose-Schub, obwuel sech Situatioun am gaange war lues a lues ze verbesseren. Déi komplett Pallett u Symptomer ass erëm massiv do a weise mir nach eemol méi, wéi der Kierper a Psych matenee verbonne sinn.

Ee Faktor, deen zu enger Rechute resp. Verschlechterung vun de Symptomer bäidroe kann, an iwwer dee menger Meenung no vill ze mann geschwat gëtt, ass de Stress.

Grad bei Borrelios-Betraffener gëtt dësen Zesummenhang, menger Erfarung no, nach heefeg net berücksichtegt. Stress gëtt schnell verharmloost - oder souguer an d'Lächerlecht gezunn. Dobäi ass längst bekannt, dass unhalende Stress de Kierper a besonnesch Regulatioun vum Immunsystem immens belaascht. Net ze vergiessen, dass de Kierper duerch Borreliose-Symptomer wéi z.B. unhalenden Wéi eh permanent ënner Stress steet.

A genau dowéinst soll ee menger Meenung no nach méi genau hikucken.

Wann een iwwer länger Zeit vill Stress ausgesat ass, stänneg funktionéiere muss, kaum zur Rou kennt an zousätzlech mat enger Erkrankung wéi Borreliose lieft, kann een net einfach maachen, als hätt dat ee mat deem aneren näischt ze dinn.

-> Stress ass net nëmmen "am Kapp".

Fir Mënsche mat chroneschen a ëmmer rëm kommenden Symptomer kann eng dauerhaft Belaaschtung en erhieflechen Ënnerscheed maachen. Trotz allem gëtt de Betraffenen net siele vermëttelt, dass si sech dach einfach manner stresse sollen, sech dach net sou ustellen oder géifen hir Symptomer duerch hier Astellung souguer verstäerken.

Dat sinn Aussoen, déi immens verletzend kenne sinn. Well wie mat Borrelios lieft, weess dass déi Belaaschtung net einfach mat engem "Denk positiv" verschwent.

Ech géif mir wënsche méi Bewosstsinn dofir ze schafen, dass Stress een eescht ze huelenden Faktor ass a bei der Betruechtung vu Borrelios net einfach ausgeklammert sollt ginn.

Fir mech heescht et grad: ee Gang zréck schalten, ob mäi Kierper lauschteren a versichen him sou vill wéi méiglech Rou ze ginn

Vläicht solle mir ophalen, Stress bei chronesch kranke Läit kleng ze schwätzen - a ufänken, hien als dat ze betruecht wat en ass: eng zousätzlech BBelaaschtung fir ee scho belaaschtene Kierper

Wéi erliefs Du dat? Gëtt de Faktor Stress bei Dir eescht geholl - oder hues Du och schon missen erliewen, dass e belächelt a verharmloost gouf?

28/08/2026

Ehrlich, ich dachte lange, irgendwann kommt der eine Moment, wo’s einfach „klick“ macht und alles läuft. 😅

Kam nie. 🤷‍♀️

Stattdessen war’s eher so: heute mal wieder Selbstzweifel weggeschoben, morgen einfach trotzdem weitergemacht, obwohl grad gar nix nach Plan lief. Kein großer Durchbruch, einfach nur nicht aufgehört.

Und irgendwann merkst du, dass genau DAS der Erfolg war. Nicht der eine geniale Tag, sondern die ganzen unspektakulären dazwischen. 🚀

Kaffee in der einen Hand, Kind irgendwo im Hintergrund am Nörgeln, und trotzdem den nächsten kleinen Schritt gemacht. Mehr Geheimnis gibt’s nicht. 🤫

Wo stehst du grad – eher noch bei Selbstzweifel überwinden oder schon am Dranbleiben?

Ehrlich, schreib’s mir 👇

24/08/2026

Wahrer Luxus beginnt im Inneren.

Däi Wee zu Dir selwer💜 Et ass ok, Hëllef unzehuelen.Wann's Du Dir méi Rou, Kloerheet a Stabilitéit an Dengem Liewe wënsc...
28/07/2026

Däi Wee zu Dir selwer

💜 Et ass ok, Hëllef unzehuelen.

Wann's Du Dir méi Rou, Kloerheet a Stabilitéit an Dengem Liewe wënschs, begleeden ech Dech op Dengem perséinleche Wee – individuell, wäertschätzend an op Aenhéicht.

✨ Kloerheet gewannen
✨ Déi bannescht Balance stäerken
✨ Nei Perspektiven entdecken

Mat engem uechtsamen a kierperorientéierten Usaz ënnerstëtzen ech Dech dobäi, méi Rou, Sécherheet a Verbindung mat Dir selwer ze fannen – Schratt fir Schratt, an Dengem eegenen Tempo.

Heelung bedeit net, datt alles verschwënnt.
Heelung ka bedeiten, datt s Du Dech nees méi sécher an Dir selwer fills an erëm bei Dir ukënns.

🌿 Find Yourself – Däi Wee zu Dir selwer.

























Psychologische Beratung mit Spezialisierung auf somatische Traumaintegration, ADHS und Stressbewältigung. Individuelle Begleitung für mehr Stabilität, Selbstregulation und Lebensqualität.

Wéini genau soll een eigentlech mierken, dass een ausgebrannt ass, wann een als Elengerzéienden just nach funktionéiert?...
11/06/2026

Wéini genau soll een eigentlech mierken, dass een ausgebrannt ass, wann een als Elengerzéienden just nach funktionéiert?

Tëscht Wecker, Schoulsak packen, Aarbecht, Haushalt, RDV'e, Hausaufgaben, Bierger vu Wäsch an dausende kleng a grouss Suerge bleift kaum Zäit fir duerchzeootmen. Et ass ee stänneg gefrot, stänneg verantwortlech a stänneg erreechbar.

Mee iergendwann schéckt de Kierper Signaler:
👉 Permanent Middegkeet
👉 Iwwerreizt
👉 Konzentratiounsproblemer
👉 Dat Gefill nëmmen nach ze funktionéiere
👉 Kraaftreserve méi ze hunn
👉 keng Freed méi u Saachen, déi engem fréier Spaass gemaach hunn

Als Eltere wëlle mir fir eis Kanner do sinn. Mee mir dierfen dobäi eppes net vergiessen: Och mir hu Bedierfnisser, Grenzen a Rescht ob Rou.

Kanner brauchen net nëmme Léift, Opmierksamkeet a Kontakt. Si brauchen och kloer Grenzen. Si musse léieren, dass Mamma a Pappa net zu all Sekonn verfügbar sinn. Dass Erwuessener och mol eng Paus brauchen. Dass een "Elo net" keen Entzuch vu Léift ass, mee Selbstfürsorg.


Es ass vollkommen an der Rei ze soen:

❤️ „Ech brauch elo 15 Minutte fir mech."
❤️ „W.e.g. beschäfteg dech kuerz eleng.“
❤️ „Dariwwer kenne mir gläich schwätzen.“
❤️ „Ech si grad midd a brauch einfach e bëssche meng Rou."

Domat brénge mir eise Kanner eppes Wäertvolles bei: Respekt fir déi eege Grenzen an d'Grenze vu vun anere Mënsche.

Hëllef unzehuelen, Aufgaben ofzeginn an awer och de Kanner altersgerecht Aufgaben ze iwwerdroen ass keen Zeeche vu Schwächt. Et ass noutwendeg, domat mir laangfristeg gesond bleiwen.

An heiansdo ass déi wichtegst Erkenntnis: Gutt Eltere mussen net permanent funktionéieren. Si dierfen no sech selwer kucken.

❤️ Un all Elengerzéiend: Dir musst net alles eleng droen. Dir dierft Grenze setzen.

08/06/2026

🌸Wann alles ze fill ass, däerf et e Wee ginn, deen Dir Däin Liewe rëm méi liicht mécht🌸

🌸Find Yourself - Däin Wee (zréck) zu Dir selwer

🌷Vläit kenns Du dat Gefill:
- Däin Kapp hält net ob mat iwwerlee'e
- Däin Kierper steet stänneg ënner Uspanung
- Du fills Dech just nach midd
- Däin Häerz schléit ze schnell, ouni dass iergendeen reale Grond dofir do ass

🌷Stress, Ängscht a belaaschtend Erliefnisser kennen eis dat Gefill ginn, d'Kontroll ze verléieren - iwwer eis Gedanken, eise Kierper, eist Liewen.

🌸 Find Yourslef begleet Dech afillsam bei:
- Unhalendem Stress a Erschëpfung
- Ängschten a banneschter Onrou
- verschaffe vu belaaschtenden Erliefnisser vun der Kandheet bis elo

🌸Verschidden Erliefnisser setzen déif. Méi déif, wéi se mat Wieder ze erfaasse sinn. Si weisen sech am Kierper - a Uspanung, Réckzuch, Iwwerfuerderung

🌷Duech den uechtsame, kierperorientéierte Usaz ënnerstëtze Find Youself Däin Nervesystem dobäi, erëm Sécherheet ze erliewen. Schratt fir Schratt an Dengem eegenem Tempo
🌸Heelung bedeit net dass alles verschwënnt

Heelung bedeit, dass du dech rëm sécher an dir selwer fillen a bei dir ukommen däerfs.

Däin Wee an e glécklecht Liewen
------------------
psychologesch Berodung
somatesch Traumaintegratioun
transgenerationell Trauma-Aarbescht
Entspaanung

Adresse

Colmar
7732

Heures d'ouverture

Lundi 13:30 - 20:00
Mardi 13:30 - 20:00
Mercredi 13:30 - 20:00
Jeudi 13:30 - 20:00
Vendredi 10:00 - 17:00
Samedi 09:30 - 12:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Find Yourself - psychologesch Berodung publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Find Yourself - psychologesch Berodung:

Raccourcis

Partager