02/10/2026
✨ Gesetz vun der Unzéiung – wat stécht dohannert? ✨
"Du zitt's dat un, wourop's Du Deng Opmierksamkeet richs."
Mee ass dat nëmme Spiritualitéit - oder gëtt et dofir och eng psychologesch Erklärung?
Eist Gehier filtert stänneg Informatiounen. Et sicht no Muster a riicht seng Opmierksamkeet ob dat, wat eis wichteg ass.
Kenns Du dat? Du well's Dir e bestëmmten Auto kafen - an ob eemol gesäis Du dësen Auto iwwerall.
Dësen Auto gëtt et net ob eemol méi oft. Däin Gehier hellt e just méi bewosst wouer.
Änlech kann dat mat eise Gedanke funktionéieren.
Wann mir stänneg denken: "Bei mir leeft alles schif." riichte mir eise Fokus ob dat Negatiivt.
Denke mir awer dogéint: "Wat fir eng Méiglechkeete ginn et?" huele mir vläicht Chance wouer, déi mir virdrun iwwersinn hunn.
Eis Gedanke veränneren also net automatesch déi baussecht Realitéit. Sie kennen awer beaflossen, wéi mir Situatioune wouer huelen, wéi mir eis fillen a wéi mir handelen.
A genau hei gëtt et spannend:
⚛️ Wat huet Quantephysik mat deem Ganzen ze dinn?
An der Quantephysik spille Warscheinlechkeet a Miessprozesser eng wichteg Roll. Dofir gëtt si als Begrënnung genotzt, dass eist Bewosstsinn eis Realitéit schaaft.
Mee opgepasst: D'Quantephysik beweist net, dass mir duerch eis Gedanke Saachen einfach manifestéiere kenne,
Trotzdeem bleift eng spannend Fro:
Vläicht musse mir eis Realitéit guer net "magesch" veränneren. Vläicht fänkt Verännerung domat un, dass mir de Bléckwénkel änneren.
Net: "Ech muss positiv denken, domat alles gutt gëtt." Mee: "Wourop well ech meng Opmierksamkeet riichten." "Wat fir eng Méiglechkeete gesinn ech vläicht net."
Well heiansdo verännert en neie Gedanken net direkt eis Welt - awer hier ka veränneren, wéi mir hier begéinen.
👇 Wat denks Du?
As Gesetz vun der Unzéiung fir Dech éischter Spiritualitéit, Psychologie oder eng Mëschung aus Béidem?
Schreif Deng Meenung gären a Kommentare. ❤️