Reconnect by Lisi

Reconnect by Lisi Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Reconnect by Lisi, Site web santé et bien-être, Fouhren.
(1)

🪷 De Kierper als Schlëssel zu méi Balance an dengem Liewen

💆‍♀️ Rebalancing Tiefengewebsmassage & Nervesystem-Regulatioun

📍Fouhren & Ettelbréck

💌 Rdv iwer meng Homepage oder iwer WA

Ech hun och laang gemengt, ech kéint main Liewen mat puer Übungen veränneren. An jo, Übungen kënnen immens hëllefraich s...
07/09/2026

Ech hun och laang gemengt, ech kéint main Liewen mat puer Übungen veränneren. An jo, Übungen kënnen immens hëllefraich sin an dech vill mei an Kontakt mat dir selwer an dengem Kierper brengen. Mee wann mir eis just op Übungen konzentréieren, feelt eis die neideg Stabilitéit an mir waerten an all Krise erem aus der Keier fléien.

Dofir daerfen mir vill méi déif usetzen an eis ëm die klengsten Eenheeten an eisem Kierper këmmeren : ëm eis Zellen. Well elastesch Zellen garantéieren eis eng stabil Energie, Fokus an Regeneratioun.
Starr Zellen féieren dogéint zu Energieverloscht, gebremsten Stoffwiesselprozesser an onerkanntem Entzündungsstress am Kierper.

Ech soen ëmer : wann eisen Kierper un der Basis wakkelt, as et keen Wonner dass mir eis fillen, wéi mir eis fillen.

Mir menge sou oft, d'Ziel wier ëmer zen an roueg ze sin. Mee daat wier jo doudlangweileg. Mir si Menschen an sinn hei an...
19/08/2026

Mir menge sou oft, d'Ziel wier ëmer zen an roueg ze sin. Mee daat wier jo doudlangweileg. Mir si Menschen an sinn hei an desem Liewen, fir d'Liewen ze liewen an Erfahrungen ze machen. An dozou geheiert och die ganz Bandbreed vun eise Gefiller.

Mir hu just net geléiert, dass den Ausdrock vu Gefiller begleet a wëllkomm geheescht ginn ass. Mir Mënschen an eiser westlecher Gesellschaft ënnerdrécke Gefiller dofir a wëllen dass alles wat Gefiller an eis wakereg këddelt, sou schnell wéi méiglech ophält. Mir maachen eist Ëmfeld dofir verantwortlech, dass et eppes an aus ausléist, wat mir net kënnen halen. Mir blären eis Kanner un, well hier Liewegkeet epes an eis ausléist, waat mir net haalen kënnen, mir machen eise Chef verantwortlech fir eisen Discomfort ...

Dofir geet et a menger Aarbecht ni drëm, dass du solls roueg bleiwen, mee dass du mat dir verbonne bleifs, wärend du dengem Vis-à-vis beispillsweis Grenze setz, wann en sech an dengem Fährwasser ronderëm dreift.

An den einfachste Wee do unzekommen, ass rëm a Verbindung mat dengem Kierper ze kommen. Net andeems mir eisem Käppi nach méi Input iwwer Nervesystem an Zesummenhäng tëscht Kierper a Psyche ginn, mee andeems mir eis all Dag rëm mat eisem Kierper verbannen.

Ech si grad amgaangen, ee klenge Cours genau dozou ze präparéieren : 28 Deeg geféiert Audio'en déi dir hëllefen erem a Verbindung mat dengem Kierper an doduerch a Verbindung mat dir selwer ze kommen. Iwwert de Kapp trenns du dech oft vun dir selwer, iwwer de Kierper kënns du rëm bei dir selwer un ❤️

Wann dëse Cours dech interesséiert, schreif einfach Info ënnert dëse Post oder als Privatnoricht. Dann kriss du de Link mat den Info'en soubal en do ass. Den Cours kascht 28€ an as an maximal 72 Stonnen fräigeschalt 💌.

02/08/2026

Main klengt Zaubermëttelchen ♥️

Mir mentaliséieren an emotionaliséieren dauernd Themen, déi eigentlech verkierpert musse ginn.Thema Grenzen ass an dem K...
02/08/2026

Mir mentaliséieren an emotionaliséieren dauernd Themen, déi eigentlech verkierpert musse ginn.

Thema Grenzen ass an dem Kontext ee super Beispill :

Wéi dacks hues du dir selwer scho gesoot :
„Du muss einfach léieren Nee ze soen.“
„Du muss deng Grenze besser kommunizéieren.“
„Stéi méi fir dech selwer an.“

An trotzdeem widderhëlt sech di nächste Kéier erëm genee dat Selwecht. D’Leit laatschen iwwert deng Grenzen. Du bass frustréiert. Du hëls dir vir, et déi nächst Kéier anescht ze maachen. An de Kreeslaf fänkt trotzdeem nees vu vir un.

Well Grenzen net als éischt am Kapp entstinn. Si ginn am Kierper verkierpert.

Wann s du deng kierperlech Grenze kaum spiere kanns oder wanns du komplett vun dengem Kierper ofgeschnidde bass, feelt dengem Nervesystem d’Grondlag, op där e kloren „Nee“ iwwerhaapt entstoe kann.

Da setze mir eis Grenze meeschtens op zwou Aarten:

Entweder mat Häert a Drock. Oder virsiichteg, entschëllegend a bal wéi aus enger Bittstellung eraus.

Béid Variante fillen sech fir eise Géigeniwwer net wierklech stëmmeg un. Well Wierder si just e klengen Deel vun eiser Kommunikatioun. Däi Kierper schwätzt ëmmer mat.

Wann däi Mond „Nee“ seet, mä däin Nervesystem gläichzäiteg Angscht huet, verlooss ze ginn, Konflikter vermeide wëllt oder sech kleng mécht, da schécks du zwou ënnerschiddlech Botschaften.

An genee dat huelen aner Mënschen, meeschtens ganz onbewosst, wouer.

Dofir fänkt gesond Grenze setzen net beim perfekte Saz un. Et fänkt domat un, däi Kierper erëm richteg ze spieren.

Eng einfach Übung:

Huel dir en Naturschwamm a masséier däi Kierper all Dag domat ënnert der Dusch.

Oder sträich mat denger flaacher Hand a mat e bëssen Drock lues iwwer deng Äerm, Been, de Bauch an de Broschtkuerf.

Sou weis du dengem Gehier all Dag nees: Kuck, hei halen ech op an hei fänken ech un.

Maach dat emol 30 Deeg laang. An villäicht bemierks du op emol eng Verännerung : Net well op eemol all Mënsch deng Grenze respektéiert, mee well s du se selwer ëmmer méi kloer spiere wäerts.

Well genee do fänkt authentescht Grenze setzen un.

♥️♥️♥️
30/07/2026

♥️♥️♥️

Den Zesummenhang tëscht Depressioun, Burnout & Omega 3 as flagrant. Den Owend as een Zoom Call genau zu dësem Thema. Mel...
28/07/2026

Den Zesummenhang tëscht Depressioun, Burnout & Omega 3 as flagrant. Den Owend as een Zoom Call genau zu dësem Thema. Mell dech gaer bei mir fir den Link. Mell dech och gaer wanns du den Owend net kanns dobai sin, ab muer gët et eng Opzeechnung vum Call.

„Ech weess dach eigentlech alles. Firwat verännert sech dann näischt? Villäicht sinn ech einfach eng besonnesch haart No...
28/07/2026

„Ech weess dach eigentlech alles. Firwat verännert sech dann näischt? Villäicht sinn ech einfach eng besonnesch haart Noss, di einfach net ze knacken ass!“

Wéi oft denks du genau sou? Du hues schonn esouvill un dir geschafft an trotzdeem verännert sech am Kär net ganz vill.

Wann s du dat kenns, wëll ech dir eppes soen :

Du bass weder komplizéiert, nach een hoffnungslose Fall. An du hues schonn guer net ze wéineg un dir geschafft.
Villäicht feelt dir einfach just ee fundamental wichtegt Puzzlestéck.

Ganz vill Mënsche verstinn hier Geschicht iergendwann total am Kapp. Sie kënne bis an de läschten Detail erklären, firwat si genau sou reagéieren, mee si kommen net aus sech selwer raus. Sie widderhuelen dat selwecht Verhalen ëmmer an ëmmer erëm.
Well hire Kierper nach ëmmer no den ale Reegelen spillt.

Hien reagéiert op Stress, en hält fest an e schützt.
De Kierper schafft ni géint dech, mee en huet iergendwann geléiert, dass genau déi Reaktiounen iwwerliewenswichteg waren.

Dofir geet et net duer alles just ze verstoen. De Kierper wëll nei Erfarunge maachen.
De Kierper wëll erliewen, dass haut aner Saache méiglech sinn.

An genau dorëms geet et a mengem 6 Wochen Online Cours „Bye Bye Survival Mode, Hello Happiness“.

Dëse Cours ass keen Ersatz fir eng Therapie, mee eng Bréck tëscht deem waats du längst verstanen hues an dem wat däi Kierper nach däerf gleewe fir matzezéien.
Et feelt eis seelen u Wëssen iwwert eis selwer, et feelt eis un neien Erfarungen. An genau daat machen mir an dësem Cours : mir huelen den Kierper mat an dain glécklecht Liewen ♥️

Wanns du lo sees, genau daat brauch ech elo : de Link fir de Cours fënns du am 1. Kommentar. Mell dech gär, wann s du weider Froen dozou hues.

Ech freeë mech iwwer jiddereen, dee säi Liewen an d'Hand helt a rem mat engem Laachen am Gesicht duerch d'Liewe leeft.

24/07/2026

Ech behandelen net just Muskeln.
Ech begleedem Nervesystemer dobai, sech rëm sëcher genug ze spieren, fir dass den Kierper lassloossen kann ♥️

Ech hätt och iergendeen Numm mat Nervesystem kënne wielen, mee ech hu mäi Cours bewosst  “Bye Bye Survival Mode, Hello H...
22/07/2026

Ech hätt och iergendeen Numm mat Nervesystem kënne wielen, mee ech hu mäi Cours bewosst “Bye Bye Survival Mode, Hello Happiness” gedeeft.

An de leschte Joren spréissen d‘Angeboter zum Thema Nervesystem wéi Champignonen aus dem Buedem.

An engersäits ass dat mega. Well ze verstoen, firwat eise Kierper reagéiert, wéi en nunmol reagéiert, hëlt eis immens vill Schold a Scham vun de Schëlleren.

Mee iergendwann huet sech fir mech di Nervesystemwelt an een éiwegt Karussell verwandelt op dem d‘Léit sech vu Moies bis Owes beobachten a mengen all Gefiller musse wegzereguléieren. Dat ass fir mech net Regulatioun, dat ass Wechdrécken am Deckmäntelchen.

Ech mengen, dass d‘Ziel vun der ganzer Nervesystemarbecht ass, rëm sou richteg frou a glécklech ze liewen.

Ze laachen ouni schlecht Gewëssen, Liichtegkeet ze spieren, kreativ ze sinn, Bezéiungen a Verbindungen ze genéissen …

Brêf, eis sécher genuch ze fillen, fir dem Liewen d‘Entréesdier rëm grouss opzemaachen.

Ee propper oofgestëmmtene Nervesystem heescht fir mech iwwregens net, stänneg roueg ze bleiwen.

Mir däerfen dat Bild aus eise Käppien verjoen.

Well ee gesonden Nervesystem ass net emotiounslos an net permanent entspaant. Mee en ass upassungsfäeg a ka mam Liewe matfléissen.

Ee Mënsch mat engem flexibelen Nervesystem ka Freed zouloossen, Trauregkeet fillen, Roserei ausdrécken ouni alles futti ze schloen, virwëtzeg sinn. Virun allem fënnt dëse Mënsch no enger Erausfuerderung rëm zréck an d‘Balance.

Genau dodrëmmer geet et am Cours „Bye Bye Survival Mode, Hello Happiness”.

Et geet net drëm perfekt reguléiert ze sinn, mee Ziel ass, dass den Iwerliewensmodus ëmmer manner oft däi séchert Doheem ass.

Ech hätt gär, dass an dengem Liewe rëm Plaz fir Liewegkeet, fir Verbonnenheet a fir Freed ass. Plaz fir d‘Liewe rëm a vollen Zich ze genéissen. Mat sengen Héichten an Déiften.

Een Héich op d‘Liewensfreed ♥️

Haut den Owend kanns du nach fir 78€ an den Online-Cours ransprangen. An muer gëllt den normale Prais vun 113€.
D‘Info‘en verlinken ech an den Kommentaren.

Adresse

Fouhren
9454

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Reconnect by Lisi publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager