Haus um Sand

Haus um Sand Stéphanie Hallé-Fabbri
Doula
••••••••••••••••••••••••••
Gutt begleet vun Ufank un
Schwangerschaft-Gebuert-Wochebett-Elterenzäit Ech si Mamm vun zwee Jongen.

HALLO

ech sinn d'Stéphanie a liewe mat menger Famill zu Sëll. De Kaspar ass 2013 am Gebuertshaus zu Mäerzeg an Däitschland an de Moritz 2015 doheem op d’Welt komm. Duerch déi schéin an erfëllte Gebuerten huet mäi Liewen sech ëm 180 Grad gedréit. Ech sinn doduerjer vill méi a meng eege Kraaft komm a profitéieren haut nach vun deene schéinen Erfarungen, déi ech deemools gemaach hunn. Nieft mengem B

eruff als Waldorfspillschoulsjoffer, sinn dunn nei Dieren opgaangen an hu mech ëmmer méi déif fir d'Theme Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert an Elterenzäit interesséiert, bis ech no an no Ausbildungen a Formatiounen an deene Beräicher gemaach hu fir ganzheetlech Berodungen, Coursen, Workshoppen a Ritualer ronderëm d'Familljeliewen ubidden ze kënnen. 2016 huet meng Rees an d'Selbstännegkeet ugefaang a bereien net dee Schratt an d'Ongewëssheet gewot ze hunn. Ech hoffen, dass ech nach vill Joren als Doula wierken kann, esou datt zukünfteg Elteren, Familljen a Fraen sech verstanen a gutt opgehuewen fillen. Eng vu menge Passiounen ass, zukünfteg Elteren, Familljen a Fraen duerch hir besonnesch Liewensiwwergäng ze guidéieren an se beschtméiglechst virzebereeden, sou datt se méi sécher a gebuergen duerch hir Phase goe kënnen. Liewensiwwergäng brénge Verännerunge mat sech a kënnen intensiv Gefiller an Onsécherheet ausléisen. Ech invitéieren d’Leit, sech méi mat hirer Essenz ze connectéieren a bewosst Ressourcen opzebauen, déi hinnen an usprochsvolle Momenter Halt ginn. Mat Hëllef vu Ressourcen a Ritualer kënnen Iwwergäng net nëmme méi douce verlafen, mee si bidden och d’Geleeënheet, sech weiderzeentwéckelen an nach méi a seng eege Kraaft ze kommen.

Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert, Wochebett an Elterenzäit sinn déi Iwwergäng op déi ech mech spezialiséiert hunn. Ech bidden ënner anerem och Fraekreesser fir Fraen un, déi sech méi bewosst mat hirer Weiblechkeet auserneesetze wëllen. Ech bidden souzesoen eng net-medezinesch Begleedung un, déi sech ganz gutt mat de Gesondheetsberuffer kombinéiere léist.

​​Ech ënnerstëtzen och Elteren, déi vill Froe ronderëm d'Begleedung vun hirem Kand oder hire Kanner hunn. Ech bidde bindungs- a bedierfnisorientéiert Berodungen, Eltere-Kand-Coursen, Workshoppen a Ritualer un, fir datt si hirt Kand besser verstinn, méi op d'Bedierfnisser agoe kënnen a Ressourcen hunn, fir mat usprochsvolle Momenter ëmgoen ze kënnen. Meng Aarbecht baséiert op der Theorie vum "Attachment Parenting", déi dem haitege Kenntnisstand vun der Entwécklungs- a Gehierfuerschung entsprécht.

Ech leeë ënner anerem vill Wäert op Präventioun a Resilienz, well ech d'Wuelbefanne vu menger Clientèle stäerken wëll an hinnen hëllefe wëll méi selbstbestëmmt duerch déi verschidden Etappe vum Liewe goen ze kënnen.

Firwat den Numm "Haus um Sand"? Ier am September 2017 “Haus um Sand” gegrënnt ginn ass, hunn ech verzweiwelt no engem Numm gesicht. Näischt war gutt genuch bis ech eist Haus mam Stroossennumm kombinéiert hunn. Sou ass “Haus um Sand” entstanen. Ganz einfach!

03/09/2026
HAUS UM SANDFEIERT 10 JOERWat 2016 ganz kleng ugefaangen huet, ass mat der Zäit gewuess an wäert sech och haut nach ëmme...
01/09/2026

HAUS UM SAND
FEIERT 10 JOER

Wat 2016 ganz kleng ugefaangen huet, ass mat der Zäit gewuess an wäert sech och haut nach ëmmer weiderentwéckelen.

Säit 10 Joer begleeden ech Elteren dobäi, hir Kanner besser ze verstoen an hiren Familljenalldag méi bindungs- a bedierfnisorientéiert ze gestalten ouni sech selwer ze vergiessen.

A menge Berodungen an Elteren-Kand Coursen ginn ech den Eltere Wëssen, Erfarung, Impulser a konkret Iddie mat op de Wee, déi hinnen hëllefen, hiren ganz eegene Wee als Famill ze fannen. Dobäi ass et mir wichteg, d’Elteren an hire Ressourcen ze stäerken, hinnen awer och nei Ressourcen mat op de Wee ze ginn a gemeinsam ze kucken, wéi passend Ritualer ganz natierlech an den Alldag integréiert kënne ginn. Esou kënnen am Familljeliewe kleng Anker entstoen, déi Sécherheet, Gebuergenheet a méi Rou an den Alldag bréngen.

Fir Elteren och schonn an der Zäit virdrun begleeden ze kënnen, hunn ech decidéiert, eng intensiv Doula Ausbildung an Däitschland ze maachen. Domat huet sech fir mech alles stëmmeg zesummegefügt. Säit 2019 begleeden ech vill Koppelen an elengerzéiend Fraen duerch Schwangerschaft, Gebuert a Wochebett.

Ech halen och Fraekreesser, hu vill ganz intim Geschichten héieren, Momenter vun Onsécherheet, Freed a grousser Emotioun mat erlieft, Kraaft a Vertrauen wuessen gesinn a ganz besonnesch Transformatiounen dierfe mat erliewen. Et geet hei ëm “helleg” Räim, déi mech ëmmer erëm beréieren a mir weisen, wéi wäertvoll et ass an dëse sensiblen a prägenden Zäiten einfach do ze sinn, ze halen an ze stäerken.

Zesumme mat 4 aneren engagéierten Doulaen hu mir d’Associatioun Doula Lëtzebuerg gegrënnt. Als Presidentin wäert ech mir mat deenen aneren Méi ginn, den Doulaën zu Lëtzebuerg méi Visibilitéit a Gewiicht ze ginn, fir méi Transparenz an Opklärung ze suergen an eis Aarbecht ëmmer méi bekannt ze maachen. Mir wëllen eis vernetzen, sensibiliséieren an de Famille weisen, wat eng Doula ass a wéi si wierkt. Ab September lancéieren mir eis Homepage a wäerten méi präsent sinn.

A vläicht ass genee dat eng vun de gréisste Verännerunge vun “Haus um Sand” no 10 Joer. Laang war “Haus um Sand” virun allem: ech…a mat de Joren si wäertvoll Collaboratioune mat der Waldorfschoul, enger Konschttherapeutin, Doulaën, Hiewanen, dem Eltereforum an anere Mënschen aus anere Strukturen entstanen. Mënschen, déi sech ergänzen an dobäi e gemeinsamt Zil hunn: Koppelen, Familljen a elengerzéiend Elteren ze begleeden an ze stäerken.

Trotz all deem war 2025/2026 fir mech dat herausfuerderndst Joer. Ech hu mech net ëmmer a menger Mëtt gefillt an hunn ugefaangen ze zweifelen. Villes huet sech an de leschte Joren an de Beräicher, an deenen ech schaffen, zu Lëtzebuerg verännert. Eng Zäitchen hunn op eemol manner Leit de Wee bei mech fonnt. Dat huet natierlech eppes mat mir gemaach. Ech hu mech gefrot, ob dat, wat ech maachen, nach gebraucht gëtt an hat wierklech d’Gefill, meng Plaz e bëssen verluer ze hunn.

Haut mierken ech awer ëmmer méi: “Haus um Sand” evoluéiert. A vläicht huet et genee dës Phas gebraucht, fir z’erkennen, datt Verännerung net bedeit, seng Plaz ze verléieren. Heiansdo bedeit et einfach, datt eppes “Neies” entsteet.

“Haus um Sand” soll eng Plaz bleiwen, wou mir eis wierklech begéinen a vernetzen. Mir liewen an enger Zäit, wou Villes iwwer Bildschiermer leeft. Ëmsou méi wäertvoll fannen ech déi Momenter an deene mir zesummekommen, eis Zäit firenee huelen a richteg a Kontakt trieden. Et entsteet eng Gemeinschaft an d’Gefill, mat senge Froen, Gedanken an Erfarungen net eleng ze sinn.

No 10 Joer fillt et sech dofir net un, wéi wann eppes op en Enn geet. Am Géigendeel. Et fillt sech un, wéi wann déi lescht 10 Joer d’Fundament waren. An elo wäert et weidergoen, wuessen a sech weiderentwéckelen.

E grousse Merci geet un all Eenzelnen, deen an deene leschten 10 Joer en Deel vun dësem Wee war. Merci fir äert Vertrauen. Merci fir all Gespréich, all Fro, all Kritik, all Tréin, all Laachen an all déi kleng a grouss Momenter, déi “Haus um Sand” zu deem gemaach hunn, wat et haut ass.
An och e Merci un all déi Mënschen, déi elo mat mir nei Weeër ginn a matgestalten.

A well “Haus um Sand” haut Gebuertsdag feiert, kritt dir 10 Deeg laang 10% Reduktioun op all meng Offeren.

10 JOER – 10 DEEG – 10 PROZENT
1 SEPTEMBER - 10 SEPTEMBER
CODE: Hausumsand10

Happy birthday. Wat eng Rees, wow!!! Op déi nächst 10 Joer. Ech freeë mech ✨💛✨

Illustratioun: Patrick Hallé

17/08/2026

NEW VISION FESTIVAL
13.08.2026-16.08.2026

Et ass schonn esou laang hier, datt ech ouni meng Famill fort war. Et deet esou gutt sech heiansdo e bëssen Zäit fir sech selwer ze huelen, d’Batterien nees opzelueden, fir duerno heemzekommen a mat neier Energie nees ganz fir si do ze sinn.

Ech war véier Deeg mam Anne um „Vision Festival“, matzen an der Natur, ëmgi vu liewensfroue Mënschen an enger Atmosphär, déi ee bal net a Wierder faasse kann.

Et war definitiv sou vill méi wéi einfach nëmmen e Festival. Villes vun deem, wat ech do gesinn, héieren a gespuert hunn, huet mech zudéifst beréiert. An dann all déi Kënschtler a Bands, déi mech scho sou laang begleeden an déi ech ëmmer nees rop a rof lauschteren, op enger Plaz vereent ze gesinn, war einfach immens: Alex Serra, Lemon and Soul, Nick Barbachano, Yaïma, Poranguí, Facesoul, Nessi Gomes, Orka…wow 🤩

Wat mech besonnesch beréiert huet, war déi ultra friddlech a respektvoll Atmosphär. Eng Mamm krut souguer hire Porte-monnaie mat all hire Suen erëm, nodeems si en verluer hat.

Et gouf och gesond a leckert Iessen, keen Alkohol, gratis Waasser an e wonnerschéine Maart voller biologesch a fair produzéierte Schätz.

A meng „New Vision“, déi ech vun dëser Plaz mat heem huelen?

Vläicht brauche mir einfach méi Plaz fir dat, wat wierklech wichteg ass:

🌀Naturverbonnenheet
🌀Gläichberechtegung
🌀Bewosstsinn an Achtsamkeet
🌀Empathie a Léift fir eis Matmënschen
🌀Musik a Konscht, fir eis auszedrécken
🌀Kierperwahrnehmung, Beweegung
🌀Déifgräifend Gespréicher
🌀Verbonnenheet an Heelung op all de Niveau’en

Ech sinn onendlech dankbar fir all eenzelne Moment, deen ech op dëser wonnerbarer, magescher Plaz verbrénge konnt. A ganz besonnesch dankbar dofir, dëst klengt Abenteuer mat esou enger wonnerbarer Frëndin gedeelt ze hunn ✨💫💛💫✨

HIEWANNENHAUS AM MINETTZENTRUM FIR FRAEN A FAMILLJENGESONDHEETD’Sara De Michele, liberal Hiewann vu Diddeleng, huet viru...
06/08/2026

HIEWANNENHAUS AM MINETT
ZENTRUM FIR FRAEN A FAMILLJENGESONDHEET

D’Sara De Michele, liberal Hiewann vu Diddeleng, huet viru Kuerzem d’Hiewannenhaus an d’Liewe geruff, eng multidisziplinär Plaz, wou zukünfteg Elteren a Familljen ganzheetlech begleet ginn.

Mam Sara wierken aktuell do schonn dräi Hiewannen, eng Kiné an ech als Doula. Fir d’Team an d’Angebot nach weider auszebauen, ass d’Sara op der Sich no weidere Fachleit, déi Loscht hunn an engem interdisziplinäre Kader matzewierken.

Fir dëse flotte Projet goufen och schéin T-Shirten entworf, déi d’Hiewannenhaus am Minett representéieren.

Zesumme mam Sara hale mir zwee ab September nees Mammekreesser, ech bidden Bëbeemassage Coursen un a schafen och do e séchere Raum fir Fraen, déi sech méi déif mat hirem FraSinn verbanne wëllen a méi iwwer sech selwer gewuer wëllen ginn.

Ech si frou, e klengen Deel vun dësem schéine Projet ze sinn a freeë mech op vill schéin Momenter, e gudden Austausch an eng wäertvoll Zesummenaarbecht.

GEESSEMËLLECHEIS ERFARUNG A KENG RECOMMENDATIOUNDe Kaspar, mäin Eelsten, ass bal zwee Joer laang geniert ginn. Vun ongef...
03/08/2026

GEESSEMËLLECH
EIS ERFARUNG A KENG RECOMMENDATIOUN

De Kaspar, mäin Eelsten, ass bal zwee Joer laang geniert ginn. Vun ongeféier 9 Méint un huet hien zousätzlech Geessemëllech kritt, 1:1 mat Waasser gemëscht, direkt vum Bauer Baltes. Ech mengen, mir waren deemools bal säi beschte Client 😂

Ech hat mech deemools gutt informéiert a sinn haut nach frou, datt ech him nieft der Mammemëllech déi gutt Geessemëllech konnt ginn. Mäi Bouf war iwwerhaapt net um Iessen interesséiert a gouf bis ongeféier 12 Méint bal ausschliisslech mat Mëllech versuergt. Eréischt duerno huet hie lues a lues ugefaangen, sech fir Iessen z’interesséieren.

https://www.facebook.com/share/p/188J6KJxLL/?mibextid=wwXIfr

Dieses Foto wurde 1927 aufgenommen. Darauf ist ein Baby zu sehen, das von einer Ziege gesäugt wird.

Heute mag das seltsam oder sogar schockierend erscheinen, aber damals war es eine Frage des Überlebens.

Bevor es künstliche Babynahrung, zugängliche Entbindungsstationen oder Muttermilchbanken gab, mussten viele Familien mit dem auskommen, was sie zur Hand hatten.

Kuhmilch war für Babys zu schwer und schwer verdaulich. Ziegenmilch hingegen war leichter, in ihrer Zusammensetzung menschlicher Milch ähnlicher und oft die einzige Alternative, wenn die Mutter nicht stillen konnte.

Eine anonyme Geschichte beschreibt die damaligen Realitäten sehr treffend:

„Meine Mutter wurde von einer Ziege ernährt. Sie wurde 1942 geboren, zwei Monate zu früh, in einem Dorf ohne Krankenhaus und sogar ohne Telefon. Ein Nachbar hatte eine Ziege, die Milch gab. Meine Mutter sagt immer, dass sie dank dieser Milch stark geworden ist... und dass sie mit der Milch auch den Charakter geerbt hat.“

Über Generationen hinweg gaben Tiere den Menschen nicht nur Nahrung und Wärme. Sie retteten Leben.

Einfache, alltägliche Geschichten, aber voller Würde und Echtheit.

Dëse SONNDEN…also de Mëtten, hu mir eis zesumme mat eise Famillje beim Annemarie getraff, fir gemittlech ze grillen an e...
02/08/2026

Dëse SONNDEN…

also de Mëtten, hu mir eis zesumme mat eise Famillje beim Annemarie getraff, fir gemittlech ze grillen an eis iwwert d’Doula Associatioun souwéi eis Erfarunge ronderëm DoulaSinn auszetauschen. Zwou Doulaën konnten leider net dobäi sinn. Mir kommen awer gutt weider an haalen iech um Laafenden 🥰

Doheem ukomm, sinn ech mat mengem Mann nach spontan an de Bësch gaangen, fir e puer Päerdsbier z’iessen an Bäifouss ze sammelen. De Bäifouss wäert ech dréchnen, fir en ënner anerem och wärend de Rauhnuechten ze benotzen.

Haut hunn ech mir och virgeholl, méi fréi schlofen ze goen an net nees bis spéit an d’Nuecht “The Handmaid’s Tale” ze kucken. D’Serie hëlt mech nach ëmmer esou mat. Et fällt mir immens schwéier einfach auszemaachen. Mee haut bleift d’Tele aus. Ech wëll mir déi néideg Rou schenken, fir muer erëm mat frëscher Energie an den Dag ze starten.

Ech schaffen elo nach annerhallef Woch an da fänkt och mäi Congé un. Ei, ech freeë mech op alles wat nach komme wäert 🤩

FRAEKREES RONDERËM DE SCHOUSSRAUME kléngen Abléck an eisen Fraekrees ronderëm de Schoussraum, deen et schonn iwwert 1 Jo...
27/07/2026

FRAEKREES RONDERËM DE SCHOUSSRAUM

E kléngen Abléck an eisen Fraekrees ronderëm de Schoussraum, deen et schonn iwwert 1 Joer gëtt 🙏D’Göttinnen aus Toun, déi di lescht Kéier gemaach gi sinn, sinn ausgedeelt ginn, well se nach gebrannt hu misse ginn. D’Linda huet d’Wiesselbild am Krees ugebueden an ech hunn aner “Ritualer” afléisse geloos, déi een an säin Alldag ouni vill Opwand ëmsetze kann 😌

Adresse

7, Um Sand
Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Haus um Sand publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager