24/10/2026
Quiztime!😄
D' Amicale vum GSP hat op en Quizowend invitéiert.
Onse Quizmaster Steve huet op eng amüsant Art a Weis durch den Owend gefouert an hat sou munch leschteg an awer och intressant Fro a sengem Regester. D'Resultater louchen enk beieneen an et war spannend bis zum Schluss. Bravo de Gewënner!
An natirlech gouf et och eppes fir den Honger an den Duscht. E grousse Merci all denen, déi zum Gelengen vun dem flotten Owend bäigedroen hunn.
A répéter!😊