Bachbléienstuff

Bachbléienstuff Bachblütenberaterin / Reiki / Kieferbalance

Gewann e B**g am Wäert vun 50€ fir dech selwer oder fir ze verschenken 🎁Wéi kanns du matmaachen:-Dëse Poust liken-Mir fo...
19/12/2025

Gewann e B**g am Wäert vun 50€ fir dech selwer oder fir ze verschenken 🎁

Wéi kanns du matmaachen:

-Dëse Poust liken
-Mir followen
-Markéier eng aner Persoun an de Kommentaren

Matmaachen kanns du nach bis den 26. Dezember💫

Vill Gléck ☘️

Pascale 🪷

22/01/2025

Bachblütenberaterin / Reiki / Kieferbalance

22/11/2024
Den Hierscht ass Zäit vu villen Verännerungen 🍂🍁🍂Mir réckelen net nëmmen d‘Auer vu Summer op Wanterzäit mee och d‘Natur ...
27/10/2024

Den Hierscht ass Zäit vu villen Verännerungen 🍂🍁🍂

Mir réckelen net nëmmen d‘Auer vu Summer op Wanterzäit mee och d‘Natur verännert sech an zitt sech lues a lues zeréck.

Och mir zéien eis em dës Zäit méi an eis Häiser zeréck a fannen manner Ofwiesselung an Aktivitéiten dobaussen.

Et ass de perfekten Zäitpunkt an sech eranzelauschteren, al Glawenssätz ze änneren (z.b ech kann dat net, ech sinn net esou gutt…) a villäicht deen een oder aneren ,,emotionale Päckelchen 📦“, dee mir villäicht schons laang mat eis droën, endlech ze verschaffen.

D‘Bachbléien kënnen dir bei all dësen Transformatiounen eng wäertvoll Ënnerstëtzung sinn.

Ech hëllefen dir gär fir deng perséinlech Mëschung zesummenzestellen.

Pascale 🪷

27/01/2024

Bachbléien 🪷
wierken um emotionalen Niveau.
D‘Ziel vun de Bachbléien ass et negativ Emotiounen (al oder aktuell) dauerhaft erëm a Gläichgewiicht ze bréngen.

Reiki 🪷
wierkt um kierperlechen, mentalen an energeeteschem Niveau.
Duerch nei Liewensenergie gi Blockade geléist an Selbstheelungskraft aktivéiert.

R.E.S.E.T - Kieferbalance 🪷
bei kierperlechen Verkrampfungen (z.b vun Kifer, Nuque, Reck, Ënnerleif…)
Wierkt och um mentalen Niveau bei allen , Lasslos’ Themen wéi z.b Stress, Ängschten, Trauer, negativ Verhalensmuster.

Fir weider Froen kanns du mir gär schreiwen 😀
Tel: 621165349 - Pascale

Bachblütenberaterin / Reiki / Kieferbalance

28/12/2023

Eise Kierper ass e Wonnerwierk an deem alles mateneen verbonnen ass.

Esou huet och d’Kiefergelenk eng direkt Verbindung iwwer Wirbelsail zum Becken.

Verspanungen am Kiefergelenk hunn duerfir oft net nëmmen Auswierkungen op d’ Nuque an d’Schëlleren mee och op de ganzen Kierper (och wann mir bei Réckwéi; Becken oder Knéiproblemer selten un de Kiefer denken 😉).

Nieft de kierperleche Problemer sëtzen am Kiefer awer och emotional Belaaschtungen wéi Stress, Traumaen, Ängschten a Roserei fest, un deenen d’Séil schons säit längerem ze ,knabberen‘ huet.

Eng R.E.S.E.T Kieferbalance ass eng douce, energeetesch Behandlung déi aus 2 Séancen (R.E.S.E.T 1), am Ofstand vun enger Woch, besteet.

Schons no der éischter Séance fillt däin Kiefergelenk sech méi entspaant a fräi un 😀

Duerno ass et oft sënnvoll nach e puer, op dech ugepassten, Kuerzséancen (R.E.S.E.T 2) anzeplangen fir dass de Kierper déi energeetesch Wierkung och laangfristeg integréieren kann.

R.E.S.E.T 1…..165€
(fir zwou séancen vun 60-70min
am Ofstand vun enger Woch)

*************

R.E.S.E.T 2……55€ (30-40min)
oder
R.E.S.E.T 2 -Package….210€
(4 séancen)


Fir weider Infoen kanns du mir gär schreiwen:

📲 621 16 53 49 🪷 Pascale

Bachblütenberaterin / Reiki / Kieferbalance

Chakren sinn d‘Energiezentren vun eisem Kierper.Ass een (oder méi) vun den Chakren geschwächt oder blockéiert kann dëst ...
09/11/2023

Chakren sinn d‘Energiezentren vun eisem Kierper.
Ass een (oder méi) vun den Chakren geschwächt oder blockéiert kann dëst zu mentalen oder kierperlechen Problemer féieren.
Duerch energeetesch Heelmethoden ginn Chakren gestärkt an erëm a Balance bruecht. D‘Energie kann dann erëm richteg fléissen an et fillt een sech erëm gutt an ausgeglach 🪷

Fir weider Infoen kanns du mir gär schreiwen:
📲 621165349 - Pascale 🌺

Adresse

Mondorf-les-Bains

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Bachbléienstuff publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Bachbléienstuff:

Partager