04/09/2026
Broschtkriibslaf 2026
📅 Den 3. Oktober 2026 organiséiert Europa Donna Luxembourg asbl och dëst Joer den traditionelle Broschtkriibslaf fir op den Broschtkriibs opmierksam ze maachen a fir d’Leit ze sensibiliséieren.
🏃♀️ Jidderee kann déi 5 km a sengem Rhythmus lafen, joggen oder trëppelen. Et geet ëm dat gemeinsaamt Engagement fir d'Preventioun an d'Ënnerstëtzung vu Persounen, déi vu Broschtkriibs betraff sinn. Mir freeën eis dës wichteg Initiativ och dëst Joer nees als Haaptsponsor z’ënnerstëtzen.💗
📍 Parc de Hesperange
📅 3. Oktober 2026
⏰ Depart: 10:00 Auer
👉 Loscht dobäi ze sinn? Hei kanns du dech aschreiwen:
https://www.broschtkriibslaf.lu/