30/10/2026
🌿💗 SOPHROLOGIE AN DER GRUPP – MENG WÄERTER A MENG BEZÉIUNGEN 💗🌿
✨ An wann s du dir einfach emol Zäit fir dech selwer géifs huelen?
Am Alldag vergiesse mir heiansdo, op eis selwer ze lauschteren an eis bewosst ze maachen, wat eis wierklech wichteg ass. 🤍
Bei dëser Sophrologie-Séance op Lëtzebuergesch invitéiere mir dech, eng kleng Paus ze maachen, bei dir selwer unzekommen an dech mat dengen eegene Wäerter ze verbannen.
🌸 Zesumme gi mir dëse Froen op de Grond:
🍃 Wat sinn déi Wäerter, déi mir besonnesch um Häerz leien?
🍃 Wat ass mir a menge Bezéiunge mat anere Mënsche wierklech wichteg?
🍃 Wat brauch ech, fir mech a menge Bezéiunge gutt, respektéiert an ausgeglach ze spieren?
Duerch eng douce sophrologesch Séance mat Visualisatioun kriss du d’Méiglechkeet, dech besser kennenzeléieren, deng Besoinen ze erkennen an nees méi bewosst mat dir selwer a Verbindung ze kommen. ✨
🤍 E Moment vu Rou, Achtsamkeet a Selbstreflexioun – just fir dech.
📅 Samschdeg, 31. Oktober 2026
🕐 13h00 – 14h30
📍 Centre Lumali – Rodange
💚 30 € pro Persoun
🌸 Umeldung a Reservatioun:
📞 +352 691 108 707
✨ Well deng Wäerter de Kompass sinn, deen dech duerch däi Liewe begleet. 🤍